Français English
Upcycling Projekt gemeinsam mit Tuffi

Cité Bibliothèque: Upcycling Projet

”New beginnings ” kann och e neien Ufank fir Saachen bedeiten, fir déi mir keen direkten Notzen méi empfannen. Mir kennen eisen Ëmgang mat de natierleche Ressourcen an dem eegene Gebrauch nei definéieren andeems mir aus Géigestänn déi mir net méi gebrauchen eppes Neies kreéieren dat mir nees méi valoriséieren kennen.

Mir hunn zum Beispill an de Kanneranimatiounen aus ale Bicher déi net méi fir den Ausléin- Service kenne gebraucht ginn, e neit Liewe geschenkt andeems mir se mat de Kanner an e Bijou verwandelt hunn, den seng Platz an eisem Alldag erëmfonnt huet.

Dir kennt ären eegenen Upcycling Projet doheem starten, mir proposéieren Iech zwou Bastelaktivitéiten.

 

1. Bastelaktivitéit: Eng Pärelsketten fir Bicherwiermer                                                     Pabeierketten

Dir braucht:

• en aalt futtist Buch

• en Holzspieß

• Pech oder Läim

• Mod Podge oder duerchsiichtegen Neellack

 

 



Schneid eng Säit vum Buch a ganz schmuel Sträifen vun 1-2cm. D’Breet vun der Sträif bestëmmt d’Gréisst vun der Pärel an d’Längt bestëmmt d’Déckt. Op enger Säit dovun kennt dir mam Pech driwwer fueren an dann ganz fest zesummen op dem Holzspieß opwéckelen.

Zum Schluss nach emol kucken dass d’Pärel fest zesummepecht. Dann kann een nach d’Pärel mat Mod Podge oder duerchsiichtegem Neellack versigelen an
zum Schluss drëchne lossen.

 

2. Bastelaktivitéit: Cut-Out Konschtwierk

Dir braucht: Pabeierdéieren

• en aalt Buch

• eng Schéier oder en Cutter

• Pritt oder Pech

• en Printer ass praktesch fir d'Schablounen, mee ass kee Muss
  fir déi di gutt moole kënnen!

• e farwegt Blat Pabéier (kann och farweg gemoolt sinn)

 


Fir d'éischt musst dir eng Schabloun kreéieren. Dat kënnen Déieren- oder Planzenformen sinn. Déi kann een entweder selwer molen oder um Internet sichen ënnert “fox print template" z.B. wann dir eng Schabloun vun engem Fuuss wéilt.

Wann d'Schabloun bis préparéiert an ausgeschnidden gouf, kann een se benotzen. Einfach op eng Sait vun engem aalen Buch leeën, zeechnen an ausschneiden. Et kann een eng oder méi Déieren Formen huelen an op en farwescht Blat Pabeier pechen fir en Bild ze kréeieren.

Als Alternativ kann een eng Form, wéi z.B. en Baam op enger Sait vun engem Buch molen, mat Cadre, an dann viirsichteg mam Cutter ausschneiden an herno op en faarwegt Pabeier pechen.

 

Ausserdem fannt dir hei eng kleng Bicherauswiel zum Thema déi dir an der Cité Bibliothéik ausléine kënnt oder als E-book verfügbar sinn. Vill Spass!

 

upcycling2

 

 

                                                                    

               

Upcycling1

                                                               

upcycling4

 

 

 

 

 

 

 

 

upcycling5

                                                                                                            

 upcycling Männer